LTPF sicht eng nei Tractor Pulling Pist

No laange Joeren steet d’Tractor Pulling Pist am Préizerdaul leider nit méi zur Verfügung.

Den Tractor Pulling gëllt als schwéierste, stärkste an spektakulärste Motorsport op Rieder wou mëttlerweil innovativ Technik vun Feinsten dominéiert. Fest verwuerzelt mat der Landwirtschaft gouf den Tractor Pulling déi lescht Joeren ëmmer méi beléift hei zu Lëtzebuerg, a war mat bis zu 8000 Spektateuren eng vun deene bescht besichte Motorsport Veranstaltungen hei am Land.

Mir als Lëtzebuerger Tractor Pulling Féderatioun si motivéiert fir och an Zukunft eng Tractor Pulling Veranstaltung hei am Land ze organiséieren.

Duefir siche mir een Terrain, deen op enger Längt vun 180m an enger Breet vun 30m, riicht genuch as fir eng Lehmpist unzeleen, derniewt awer och nach Plaatz fir d’Spektateuren, an eventuell och fir de Parking géif bleiwen.

Wien esou eng Plaatz huet, oder eng Méiglechkeet gesäit, dee soll sech w.e.g. esou séier ewéi méiglech bei der LTPF mellen op www.ltpf.lu oder direkt um
Telefon 621 233 682

Villmols Merci fir all Ënnerstëtzung!

De Comité vun der LTPF

 
Baueren Trecker-Treck
den 29. Juni 2014 zu Houffelt